IHCB gewënnt no Penalty

Foto vun Jos Nerancic



08 December 2014

Den IHC Beefort huet den 2. Match en Samsden 06.12. géint den Leader aus Bitburg no Penalty-Schéissen gewonnen. Laang loungen déi Beeforter fir, iert Bitburg 30 Sekonnen virun Schluss konnt den 2-2 schéissen. Am Penalty-Schéissen stoungen dunn déi zwee Goalien am Mëttelpunkt an Spiller vun béiden Equipen konnten net treffen. Schlussendlech konnten déi zwee Beeforter Mirko Mosr an Kai Linster den Match entscheeden an soumat 2 Punkten fir den IHCB sécheren.



Goaler fir Beefort: R. Beran 2

Penalty: Mosr, Linster